Creator Management
Eis Creators
FWRD betreit Creatoren aus Lëtzebuerg an der Groussregioun – vun der éischter Ufro bis zur fäerdeger Kampagne. Mir vermëttelen net nëmme Reechwäit: Auswiel, kreativt Konzept, Produktioun an Ëmsetzung kommen aus enger Hand.
Eis Creatoren sinn op TikTok, Instagram, Twitch a YouTube aktiv an decken e breede Spektrum of: Gaming a Livestreaming, E-Sport, Sport a Fitness, Lifestyle, Kultur a Bildung souwéi Awareness-Themen. Zesumme erreeche si ronn 330.000 Follower.
Fir Marken heescht dat: Mir sichen d'Creatoren, déi inhaltlech wierklech passen – net einfach déi mat de gréissten Zuelen. Vun do iwwerhuele mir dat kreativt Konzept, d'Produktioun am eegene Studio an d'Koordinatioun bis zur Verëffentlechung.

Eise Roster
Creators déi zu därer Mark passen.
Sedcards



